Police Rekrutement

Du sichs e spannenden an ofwiesslungsräichen Job? Da gëff och du PolizistIn!

Wat bitt d'Police fir Méiglechkeeten?

Als zukünfteg(e) PolizistIn hues du bei eis vill verschidde Méiglechkeeten, deng Carrière ze gestalten. Déi meescht PolizistInnen fänken hier Carrière an engem Kommissariat un. Duerno gëtt et vill Domainen, an deenen een sech spezialiséiere kann : zum Beispill als Ermëttler beim Service de police judiciaire, als Motard, an der Spueresécherung, bei der Spezialunitéit, der Hondsstaffel, oder an engem vun de villen anere Beräicher vun der Police!

Do donieft gëtt et an der Police ni langweileg. Hei erwaart dech en ofwiesslungsräichen, spannenden Alldag am Déngscht vum Bierger.

Wéi kanns du dech an d'Police mellen?

De Recrutement fir PolizistIn ze gi leeft an zwou Etappen of:

1. Fir d'éischt muss du de Staatsexamen (Epreuve d'aptitude générale) maachen, dee vum Centre de gestion du personnel et de l'organisation de l'Etat (CGPO) organiséiert gëtt. Dës Exame fannen e puermol am Joer statt, dat jee no "Groupe de traitement".
2. Nodeems de Staatsexame gepackt ass, kanns du dech fir d'Epreuve spéciale umellen. Dat sinn eng Rëtsch Tester, déi spezifesch un d'Besoine vun der Police ugepasst sinn an och vun der Police organiséiert ginn. Dozou gehéieren ënnert anerem Tester am Däitschen an am Franséischen, e Sportstest a psychologesch Tester.

Ass och dës Etapp gepack, da fänkt no engem medezineschen Examen an enger "Enquête de moralité" deng Ausbildung zum Polizist / zur Polizistin an der Policeschoul un.

Wéini sinn d'Aschreiwungen?

13. – 19. August 2020

Aschreiwung fir de Staatsexame (Épreuve d’aptitude generale) fir d’„Groupes de traitement” B1 (https://govjobs.public.lu/fr/examen-concours/secteur-etatique/police.html)

10. – 16. September 2020

Aschreiwung fir de Staatsexame (Épreuve d’aptitude generale) fir d’„Groupes de traitement” C1

(https://govjobs.public.lu/fr/examen-concours/secteur-etatique/police.html)

28. Oktober – 8. November 2020 :

Aschreiwung fir déi speziell Opnahmexamen (Épreuve spéciale), déi vun der Police organiséiert gi fir d’„Groupes de traitement” B1 an C1

(https://govjobs.public.lu/fr/examen-concours/secteur-etatique/police/inscriptions.html)

Abrëll 2021

Ufank vun der Ausbildung zum Polizist / zur Polizistin

Wéi leeft d'Ausbildung of?

D'Ausbildung dauert zwee Joer. Si besteet am éischte Joer aus enger theoretescher a praktescher Formatioun an der Policeschoul an am zweete Joer aus enger praktescher Initiatiounsphas an de Kommissariater, beim Service de Police judiciaire oder an aneren Unitéiten. Als "Agent de Police administrative" an "Agent de Police judiciaire" kanns du deng Kollegen um Terrain am zweete Joer also scho praktesch ënnerstëtzen.

Déi traditionell "Instruction tactique de base", déi soss wärend den éischten 3 Méint vun der Formatioun an der Caserne Grand-Duc Jean zu Dikrech (Härebierg) stattfonnt huet, ass net méi virgesinn. Hier Bestanddeeler sinn an d'Ausbildung an der Policeschoul integréiert ginn.

Méi Informatiounen zu de Krittäre fir de Recrutement fir d'B1-Carrièren a fir déi aner Carrièren (A1 an C2) respektiv fir déi zivil Carrière bei der Police fënns du hei! Do fënns de och eng Rëtsch Froen an Äntwerte sief et zum Recrutement oder zur Formatioun.

Eng Iwwersiicht wéi eng verschidde Méiglechkeeten een als PolizistIn huet, fir seng Carrière ze gestalte fënns du och an eise Videotestimonials.

Du hues nach weider Froen zum Recrutement? Da mell dech bei eiser Direction des ressources humaines!

Tel: (+352) 244 24 7200

E-Mail: drh.recrutement@police.etat.lu